LB/Prabhupada 0001 - Ausdeenen op Zeng Milliounen



Lecture on CC Adi-lila 1.13 -- Mayapur, April 6, 1975

Prabhupāda: De Caitanya Mahāprabhu seet all den Ācāryaen ... Den Nityānanda Prabhu, den Advaita Prabhu an de Śrīvāsādi-gaura-bhakta-vṛnda, si all droën dem Śrī Caitanya Mahāprabhu seng Befeeler. Also probéiert, den Ācāryaen hire Verfahren nozegoën. Da gëtt d'Liewen e Succès. An fir en Ācārya ze ginn ass net ganz schwéier. Fir t'éischt, gitt ärem Ācārya e ganz treien Dénger, maacht genau, wat hie seet. Versicht him ze gefalen an verspreet d'Kṛṣṇa Bewosstsinn. Dat ass alles. Ët ass iwwerhaapt guer net schwéier. Versicht den Instruktiounen vun ärem Guru Mahārāja ze follegen an verspreet d'Kṛṣṇa Bewosstsinn. Dat ass dem Lord Caitanya seng Unuerdnung.

āmāra ajñāya guru hañā tāra' ei deśa
yāre dekha tāre kaha 'kṛṣṇa'-upadeśa
(CC Madhya 7.128)

"Andeems der Mengen Uweisungen follegt, gitt der zum Guru." A sou hale mir eis strikt un den ācārya System an versichen eist Bescht dem Kṛṣṇa seng Uweisungen ze verspreeën. Yāre dekha tāre kaha 'kṛṣṇa'-upadeśa (CC Madhya 7.128). Ët ginn zwou Arten vun kṛṣṇa-upadeśa. Upadeśa bedeit Instruktioun. Instruktiounen vum Kṛṣṇa, dat ass also 'kṛṣṇa'-upadeśa, an Instruktiounen erhalen iwwert de Kṛṣṇa, dat ass och 'kṛṣṇa'-upadeśa. Kṛṣṇasya upadeśa iti kṛṣṇa upadeśa. Samāsa, śāsti-tat-puruṣa-samāsa. An Kṛṣṇa viṣayā upadeśa, dat ass och Kṛṣṇa upadeśa. Bāhu-vrīhi-samāsa. Dëst ass de Wee d'Grammaire vum Sankrit z'analyséieren. Soumat ass Kṛṣṇa's upadeśa d'Bhagavad-gītā. Hien gëtt d'Instruktiounen direkt. Also een deen Kṛṣṇa-upadeśa verspreet, widderhëllt einfach wat vum Kṛṣṇa gesot gëtt, da gitt der Ācārya. Guer nët schwéier. Alles ass hei duergestallt. Mir musse just widderhuelen, wéi e Papagei. Net genau wi e Papagei. Well e Papagei versteet d'Bedeitung net; hien vibréiert just. Mä dir sollt d'Bedeitung och verstoën; wi sollt der et sos erklären? Also mir wëllen d'Kṛṣṇa Bewosstsinn verspreeën. Präparéiert iech einfach esou, datt der dem Kṛṣṇa seng Instruktiounen ganz gutt ëremgitt, ouni Feelinterpretatioun. Dann, an der Zukunft... Stellt iech fir dir hätt elo Zeng dausend. Mir sollen eis erweideren op Honnertdausend. Dëst ass néideg. Dann vun Honnertdausend zu enger Millioun, a vun enger Millioun zu Zeng Milliounen.

D'Unhänger: Haribol! Jaya!

Prabhupāda: Sou datt et keng Knappheet un Ācāryaen gëtt, an d'Leit d'Kṛṣṇa Bewosstsinn ganz einfach kenne verstoën. Also maach des Organisatioun. Sieft net opgeblosen. Follegt dem Ācārya senger Instruktioun a versicht iech selwer ze perfektionnéieren, räif. Da gëtt et ganz einfach d'Māyā. ze bekämpfen. Jo. Ācāryaen, déi kënnegen dem Māyā sengen Aktivitéiten de Krig un.